Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Sport erliewen
Thematiséiert ginn ënner anerem dat spezifescht Opwiermen, d’Sécherheetsaspekter an d’Grondtechnike vum Boulderen. Dëst geschitt a Form vu kannergerechte Spiller an Übungen un der Klammmauer. De Fokus vun der Formatioun läit op der praktescher Ëmsetzung.
Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung. De Schwéierpunkt läit op der praktescher Ëmsetzung an Eegenerfahrung vun den Teilnehmer.
D’Formatioun fënnt am LGL (Lycée de garçons) an der Staat statt.
- Ënnerschiddlech Beweegungsforme kenneléieren a selwer ausprobéieren.
- Notzen a Prinzipien vun den Übungen fir d’Entwécklung vu Kanner erkennen.
- Übungen fir Kanner plangen an ëmsetze kënnen.
- Prozess begleeden a konstruktiv drop reagéieren.
- Risiken a Geforen erkennen a firbeugen.
- Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren. (op eegene Gebrauch)