Beweegungserzéiung am non-formalen Beräich: Klammen – Top Rope
Sport erliewen
All Sécherheetsaspekter, déi fir d’Klamme mam Seel (Top Rope) mat Kannergruppen noutwenneg sinn, ginn ausféierlech erkläert. Vum spezifeschen Opwiermen iwwert d’Grondtechnike vum Klammen a kannergerecht Spiller läit de Fokus op der praktescher Ëmsetzung.
D’Formatioun fënnt am LGL (lycée de garçons) an der Staat statt!
- Ënnerschiddlech Beweegungsforme kenneléieren a selwer ausprobéieren
- Notzen a Prinzippie vun den Übungen fir d’Entwécklung vu Kanner erkennen
- Übunge fir Kanner plangen an ëmsetze kënnen. Prozess begleeden a konstruktiv drop reagéieren.
- Risiken a Geforen erkennen a virbeugen
- Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren (op eegene Gebrauch)