Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Beweegungserzéiung am non-formalen Beräich: Réckschlagspiller
Sport erliewen
Hei ginn alternativ Spillformen zu de klassesche Réckschlagspiller erkläert a probéiert. De Schwéierpunkt läit op kannergerechte Spiller an Übunge mat verschiddene Schléier a Bäll, awer och ouni Schléier a mat wéineg Materialopwand.
Kuerz theoretesch Aleedung a Begleedung. De Schwéierpunkt läit op der praktescher Ëmsetzung an Eegenerfahrung vun den Teilnehmer.
D’Formatioun fënnt am LTPES zu Miersch statt.
- Ënnerschiddlech Beweegungsforme kenneléieren a selwer ausprobéieren.
- Notzen a Prinzipien vun den Übungen fir d’Entwécklung vu Kanner erkennen.
- Übungen fir Kanner plangen an ëmsetze kënnen.
- Prozess begleeden a konstruktiv drop reagéieren.
- Risiken a Geforen erkennen a firbeugen.
- Inhalt vun der Formatioun analyséieren a reflektéieren. (op eegene Gebrauch)