Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Natur erliewen
Foire BNE 2024: Weiderbildung an Austauschmomenter
- Foire mat iwwer 70 Informatiounsstänn
- Inspiratioun an der Bildung fir nohalteg Entwécklung: Léieren dobaussen, Ëmwelt- a Ressourceschutz, Ethik, Demokratie a Kannerrechter, Coopération Nord-Sud, a villes méi.
- Entdeckt spezifesch Methoden, Projeten, Initiativen,
- Spiller, Bicher, Bibliothéiken a vill Acteuren.
Foire selwer ass ëffentlech an ouni Umeldung.
Atelier proposéiert vun Zentrum fir politesch Bildung
Du schaffs gäre mat denge Schüler a Schülerinnen un den Ziler vun der Nohaltegkeet? Du wëlls gär handlungsorientéiert a projetsorientéiert schaffen? Du wëlls gär, datt deng Schüler a Schülerinnen Selbstwirksamkeet a Perspektivewiessel erliewen? Da mell dech u bei der Formatioun Léieren duerch Engagement. Dës Formatioun kombinéiert Fachwësse mat engem Engagement fir eng méi nohalteg Zukunft. DʼParticipatioun vun de Jonke steet bei dëser Form vu Projetsunterrecht besonnesch am Mëttelpunkt.
Salle 1