Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Natur erliewen
Foire BNE 2024: Weiderbildung an Austauschmomenter
- Foire mat iwwer 70 Informatiounsstänn
- Inspiratioun an der Bildung fir nohalteg Entwécklung: Léieren dobaussen, Ëmwelt- a Ressourceschutz, Ethik, Demokratie a Kannerrechter, Coopération Nord-Sud, a villes méi.
- Entdeckt spezifesch Methoden, Projeten, Initiativen,
- Spiller, Bicher, Bibliothéiken a vill Acteuren.
Foire selwer ass ëffentlech an ouni Umeldung.
Atelier proposéiert vun Ëmweltberodung Lëtzebuerg
Betti a Litti spille mam Dreck ass eng partizipativ Performance (mat Video-Leinwand an animéierte Biller aus dem Mäin éischt Null Offallbuch) fir Kanner am Grondschoulalter (Cycle 2-3), déi mir unhand vun dëser Formatioun kuerz presentéieren, an dobäi dem Léierpersonal dʼGeleeënheet ginn, sech an dʼRoll vun de Kanner eranzeversetzen an déi verschidde pedagogesch Tools zum Thema Null-Offall besser kennenzeléieren. DʼZil vun dëser Formatioun ass, dʼLéierpersonal vertraut domat ze maachen, wéi dʼPedagogik vum Stéck funktionéiert a wéi een dat duerno nach kann ausbauen duerch verschidde pedagogesch Tools an Informatiounen/
Erausfuerderungen zum Thema Null-Offall a Kreeslafwirtschaft: wéi kënne mir laangfristeg méi ressourcëschounend liewen?
Salle 9