Package Mënscherechter erliewen – Activités pour enfants
Sessions
La participation à l’ensemble des sessions de la formation est obligatoire.
02 juillet 2026 09:00 - 16:30
03 juillet 2026 09:00 - 16:30
An dëser Formatioun léiers du déi zwou Aktivitéiten fir Kanner vum Centre Cinqfontaines kennen: „D’Geheimnis vum Kryptex“ a „Staark fir mech, staark fir dech“.
D’Geheimnis vum Kryptex: An dëser Aktivitéit probéieren d’Kanner d’Geheimnis vum Kryptex ze lëften. Duerch d’Léisen vu verschiddene Rätsel kommen si hirem Zil ëmmer méi no. Bei all Rätsel entdecken d’Kanner een Element, wéi z. B. d’Gebietshaiser, aus dem Juddentum, Chrëschtentum an Islam. Si kommen op eng aktiv Aart a Weis mat de Reliounen a Beréierung a léieren souwuel Gemeinsamkeeten wéi och Ënnerscheeder kennen. Dobäi hunn d‘Kanner d’Méiglechkeet sech iwwert hir Erfarungen auszetauschen. D’Zil ass et, d’Kanner virwëtzeg ze maachen a si fir verschidde Reliounen ze sensibiliséiere
Staark fir mech staark fir dech: Sech selwer kennenzeléieren ass d’Grondlag fir sech fir anerer staark kënnen ze maachen. A genee dëst kënnen déi Jonk an der Aktivitéit „Staark fir mech, staark fir dech“ erliewen. Dobäi gëtt op spilleresch Aart a Weis thematiséiert, datt et keng Schwächt ass, a schwierege Situatiounen ëm Hëllef ze froen. Ausserdeem léieren d’Kanner verschidden Handlungsoptiounen kennen, fir datt si sech staark fir sech selwer, mee och fir anerer maachen kënnen.
Informations pratiques
Lieu
Centre Cinqfontaines
Inscription
Avant de participer à cette formation de spécialisation, tu dois d'abord t'inscrire pour une journée d'introduction.
Prochaines journées d'introduction